“Housing First” just fir Fraen?

An hirer Äntwert op eng parlamentaresch Fro schreift d’Familljeministesch: “De Familljeministère wëll och weiderhin d’Housing-first-Strukturen ausbaue fir obdachlos Mënschen ouni Ëmweeër vun der Strooss an eng fest Wunneng ze kréien, fir dann uschléissend hir Situatioun ze stabiliséieren. Esou ass fir 2022 ugeduecht en Housing First Projet fir Fraen ze developpéieren.”

Aus wéi enge Grënn ass decidéiert ginn, dee fir 2022 ugeduechten Housing-First-Projet just fir Fraen ze realiséieren? Si weider Strukture virgesinn, wou och Männer kënnen opgeholl ginn?

Deel dëse Post: