HORESCA-Fuerderungen: Regierung soll Faarf bekennen!

Vill Betriber aus dem Horesca-Secteur sinn, duerch de neie „Lockdown“, an enger schwiereger finanzieller Situatioun. Et riskéiert zu engem massive Verloscht vun Aarbechtsplazen an zu sëllege Faillitten ze kommen. Dofir hunn déi Responsabel vum Secteur nei Fuerderunge gestallt an hunn d’Regierung opgefuerdert fir dem ganze Secteur weider Hëllefen zoukommen ze loossen. Et gëtt sech doriwwer beklot datt d’Regierung d’Gastronomie op e neits zougemaach huet, iwwerdeems d’Butteker op bliwwe sinn a vill Akafszenteren um leschte Weekend „schwaarz“ vu Leit waren. Nodeems den Här Staatsminister Xavier Bettel  zouginn hat datt den Horesca-Secteur responsabel mat der Corona-Situatioun géif ëmgoen, géifen elo no der Decisioun vun der Regierung, d’Recettë komplett ausbleiwen. Dat wär net acceptabel  a finanziell géif dat bedeiten datt vill Betriber net méi iwwert d’Ronne kënne kommen. Gefuerdert gëtt ënnertaanerem datt de Staat all déi fix Käschten, wärend der Period wou de Secteur muss zoubleiwen, iwwerhëlt. Weider misst d’Gültegkeet vun den Iwwernuechtungs-Bonge fir weider 12 Méint verlängert ginn. Fir den Horesca-Secteur misst dann och e Moratoire ouni Zënsen agefouert ginn, dat wat d’Payementer un ëffentlech Verwaltungen oder fir d‘TVA ugeet. Fir d’Joer 2021 fuerderen déi Responsabel vun der Horesca datt d’TVA fir all d’Servicer vum Secteur nees op 3% erofgesat gëtt. Ass d’Regierung gewëllt fir d‘Fuerderunge vun der Horesca z’erfëllen?

Deel dëse Post: