Hokuspokus: eng nei Partei ass do!

D‘ADR stellt fest, datt sech eng nei Partei gegrënnt huet, déi sech den Numm „Fokus“ ginn huet. Am Fokus steet awer do virun allem een, nämlech den Här Frank Engel, well, wéi de Fokus-Parteipresident Marc Ruppert scho sot, „(…) die politische Meinung von Frank Engel [hat] durchaus mehr Gewicht als andere (…).“ (tageblatt, 22.02.22)

Den Här Ruppert huet och direkt eng Zesummenaarbecht mat der ADR ausgeschloss. Domat weist „Fokus“ sech jiddefalls als manner demokratesch an oppe wéi d’ADR.

„Fokus“ ass alt nees eng Partei méi, déi sech iergendwou an der lénker Mëtt situéiert. Hir Zesummesetzung aus fréiere Memberen aus der CSV, der DP an deene Grénge mécht et där Partei ganz sécher net einfach, fir iergendeng kloer politesch Linn ze hunn, an nach manner, fir iergendeppes ze fannen, wat si vun deenen anere Parteien aus deem Deel vum politesche Spektrum kéint ënnerscheeden.

D’ADR bedauert och, datt den Haaptprotagonist vun där Partei sech an deene leschte Méint duerch zimmlech radikal Stellungnamen ervirgedoen huet. Den Här Engel huet z.B. am Kader vun de Corona-Proadrer iwwer d’Manifestante gemengt: Et ginn e puer Honnert, vläicht e puer Dausend Idioten, déi musse mat de Mëttele vum Rechtsstaat ënner Kontroll bruecht ginn (…) Idiotie huet hir Grenzen.“ (facebook, 2.12.21) D’ADR hält weder eppes vun esou enger Ausdrocksweis nach vun esou pauschale Verurteelungen. Si steet konsequent fir Meenungs- an Demonstratiounsfräiheet.

Si stellt och fest, datt den Här Engel op sengem politesche Wee ëmmer nees duerch Widderspréchlechkeeten a Meenungswiesselen opgefall ass. Am Joer 2011, a sengem „Manifeste pour les Etats-Unis d’Europe”, huet hien nach d’Ofschafung vun den Nationalstaate verlaangt, also wuel och vu Lëtzebuerg, well déi, senger Meenung no, an der Faillite wären. Hie verdeedegt och déi ongebremsten Immigratiounspolitik vum Här Asselborn, an hie wëll „jene Bürger, die über kein Wahlrecht verfügen, in den Prozess der Verfassungsreform einbeziehen“. Sollen d’Auslänner also eis Verfassung matschreiwen?

Den Här Engel huet och ëmmer nees Aussoe géint d’Resultat vum Referendum 2015 gemaach, a probéiert de Biergerwëllen ze ëmgoen an d’Auslännerwalrecht anzeféieren: „Bauchschmerzen beim Nein”, “einem auf Dauer nicht haltbaren Zustand”, „In Luxemburg erwirtschaftet die eine Hälfte der Bevölkerung einen wesentlichen Teil von dem, was die andere Hälfte verdient. Dieser Fakt allein bewirkt, dass die Frage der Partizipationsrechte von Nicht-Luxemburgern aktuell bleibt.“

D’ADR wonnert sech dann och net doriwwer, datt „Fokus“ behaapt, d’Souveränitéit vu Lëtzebuerg krit nëmmen duerch „eng onwidderrufflech Verankerung an der Europäescher Unioun“ ee moderne Sënn. Rechtlech an historesch ass et genee ëmgekéiert − d’EU existéiert nëmmen doduerch, well si vu souveräne Staaten, dorënner Lëtzebuerg, gegrënnt gouf.

D’ADR betount, datt et zu enger lieweger Demokratie gehéiert, datt jiddereen, deen dat wëll, kann eng Partei grënnen. „Fokus“ ass awer net méi wéi eng Ee-Mann-Beweegung ouni konkrete Programm an ouni identifizéierbare Profil. Ouni kloer Inhalter ass „Fokus“ dann och um Wee, fir sech zu enger reng opportunistescher Beweegung ze entwéckelen, déi sech jo dann och ka roueg de Piraten uschléissen.

 

Matgedeelt vun der ADR

 

Deel dëse Post: