[BEÄNTWERT] Heures d’ouverture des magasins

Här President,

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech lech, dës parlamentaresch Fro un d’Madame Ministesch fir de Mëttelstand weiderzeleeden.

Zënter Jore gëtt regelméisseg iwwert d’Ëffnungszäite vun de Geschäfter diskutéiert. Déi eng plaidéiere fir eng Liberaliséierung; déi aner fäerten en negativen Impakt vu méi laangen Ëffnungszäiten op d’Aarbechtskonditioune vun de Salariéën. Besonnesch problematesch sinn an deem Kontext d’verkafsoppe Sonndeger a Feierdeeg.

Dowéinst wéilt ech der Madame Ministesch dës Froe sellen:

  1. Wéi kënnen d’Geschäfter op Ouschtersonndeg, respektiv Ouschterméindeg op hunn? Brauchen déi Geschäfter, déi op deene Feierdeg wëllen op hunn, eng extra Erlaabnis?
  2. Ass et richteg, datt eng Rei vu Geschäfter op Ouschtersonndeg op hunn, datt awer um Ouschterméindeg all Geschäfter zou sinn?
  3. Ass d’Madame Ministesch der Meenung, datt besonnech och op Ouschtersonndeg d’Geschäfter missten zou sinn, fir datt all Leit, déi do schaffen, de Weekend kéinte mat hire Famillje verbréngen?
  4. Ass d’Madame Ministesch der Meenung, datt déi Banaliséierung vun de Sonndeger, a besonnesch vun de Feierdeg, als normal Aarbechtsdeeg misst gestoppt ginn?

Mat déiwem Respekt,

Fernand Kartheiser,

Deputéierten

Réponse écrite de Madame Françoise Hetto-Gaasch, Ministre des Classes moyennes et du Tourisme

Deel dëse Post: