Helpline Santé: Fir Lëtzebuergesch wielt “1” …

Wann ee bei der Santé-Helpline urifft, fir e Rendez-vous fir d’Covid-Impfung ze huelen, oder fir Froen dozou ze stellen, huet den Uruffer d’Wiel tëscht véier Kommunikatiounssproochen. Dat schéngt awer net ëmmer ze klappen.

Den Deputéierte Fred Keup freet dofir bei der Gesondheetsministesch no, wéi d’Personal hei sproochlech opgestallt ass, a wéi et ka sinn, datt wann ee Lëtzebuergesch als Kommunikatiounssprooch wielt, mat enger Persoun schwätze muss, déi kee Lëtzebuergesch kann, mee nëmme Franséisch.

 

Deel dëse Post: