Hëllefe fir d’Independante ginn net duer!

D’Independante kréie selwer keen Ersatzgehalt a kee partielle Chômage a musse weiderhi fir déi lafend Käschten opkommen. Vill Independante packen et elo schonn net méi: Dacks kënnen déi Betraffen opgrond vun den absurde Gesetzestexter iwwerhaapt net vun den Hëllefe profitéieren an dëst sinn dacks déi Betriber, déi déi gréisste Käschten hunn an am meeschten investéiert a geleescht hunn. De Roy Reding betount a senger Interventioun vum 27. Januar, datt d’ADR wéineg begeeschtert vun dësem Gesetzestext ass.

Deel dëse Post: