7,4 Milliounen Hëllef fir d’Press

Duerch d’Gesetz iwwer d’Promotioun vun der geschriwwener Press ginn 10 Presseorganer zu Lëtzebuerg finanziell vum Staat ënnerstëtzt. Am Budget vun 2017 ass do eng Zomme vu ronn 7,4 Milliounen Euro am Joer ageschriwwen.

Am Joer 2015 ass dës Hëllef esou verdeelt ginn: (a ronnen Zuelen)

Dageszeitungen:

  • Tageblatt: 1,7 Milliounen Euro
  • Wort: 1,5 Milliounen
  • Quotidien: 1,3 Milliounen
  • Journal: 950.000 Euro
  • Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek: 400.000 Euro

Wochenzeitungen:

  • Télecran: 400 000 Euro
  • Revue: 350.000 Euro
  • Jeudi: 340.000 Euro
  • Land: 300.000 Euro
  • Woxx: 260.000 Euro

De Budget gesäit och fir 2017 en neien Artikel vir, wou fir d’Press iwwer Internet eng Hëllef vu 450.000 Euro proposéiert ass. Nach 2016 sollen d’Konditiounen an d’Modalitéiten heifir virgestallt ginn.

Photo: SIP/ Charles Caratini
Note: d’Dageszeitung “L’Essentiel”, déi op de Photo ze gesinn ass, kritt keng Pressehëllef

Deel dëse Post: