Héichwaasserkatastroph: ADR freet Bilan!

Dee ville Reen an de leschten Deeg huet an enger Héichwaasserkatastroph geendegt an huet mat sëllegen Iwwerschwemmunge fir vill Schued am Land gesuergt.

Aus deem Grond huet d’ADR de 16. Juli an engem Bréif un de Chamberpresident drëm gebieden, esou séier wéi méiglech eng Kommissiounssëtzung fir bannenzeg Ugeleeënheeten anzeberuffen, dëst a Presenz vun der Madamm Banneminister.

Hei soll de Bilan vun der Héichwaasserkatastroph vum 14. op de 15. Juli gemaach ginn ënner Berécksiichtegung vu konkreten Aspekter ewéi:

  • de Schued, deen entstanen ass,
  • den Asaz vum CGDIS,
  • d’Conclusiounen, déi d’Madamm Minister aus där Katastroph zitt,
  • d’Méiglechkeet vu staatlechen Hëllefsmoossname fir d’Gemengen an déi betraffe Leit,

 

Deel dëse Post: