Heemaarbecht fir Frontalieren: Gëtt et Kompensatiounen?

Näischt gëtt et haut méi fir näischt. Duerfir ass d’Fro erlaabt, ob déi Konzessiounen vun eise Nopeschlänner, wat d’Verlängerung vun der Heemaarbecht bis Enn des Jores ugeet, vläicht vu Lëtzebuerg op engem anere Wee kompenséiert ginn. A genee dat maachen de Jeff Engelen an de Roy Reding an enger parlamentarescher Fro, wou si no Kompensatioune froen an och den Thema vun de soziale Laaschten uschwätzen, déi an dësem Dossier jo  keng onwichteg Roll spillen.

Deel dëse Post: