Héchste soziale Mindestloun vun der EU?

D’Chambre des Salariés huet eng nei Etüd publizéiert an där si de soziale Mindestloun am europäesche Verglach analyséiert huet. Mat 2.201,93 Euro Brutto ass Lëtzebuerg dat europäescht Land wat den, an absolutten Zuelen, héchste soziale Mindestloun huet, eppes wat een awer an de soziale Kontext an an dat präislecht Ëmfeld hei am Land setze misst! D’Salariatskummer kënnt zur Konklusioun datt hei zu Lëtzebuerg de Soziale Mindestloun de Betraffenen et kaum erlaabt fir dezent ze liewen a sech eng adequat Wunneng ze leeschten. Fir en elengerzéiende Stot feelen Enn des Mounts 144 Euro fir d’Grondbedierfnisser, all méiglech sozial Prestatiounen déi een hei am Land kréie kann, abegraff.       

Deel dëse Post: