Haut Zypern, muer Lëtzebuerg?

Dëse Weekend hunn d’Europäesch Finanzministeren, dorënner och de Lëtzebuerger Finanzminister, eng ganz ëmstridden Decisioun geholl fir Zypern ze “retten”. Fir d’éischte Kéier an der Geschicht vum Euro mussen d’Spuerer fäerten, datt hir Konte geplëmmt gi fir datt d’Finanze vun engem Eurostaat nees an den Equiliber kommen. Duerch dës Decisioun risquéiert net nëmmen de gesamte Bankesystem an der Eurozone a Gefor ze geroden, mä och Lëtzebuerg als wichtege Finanzzenter réckelt nees an d’Schosslinn vun der internationaler Press a sougenannten Experten. D’ADR fuerdert d’Regierung op, esou absurd Decisiounen um europäesche Plang net méi matzedroen. Weider muss d’CSV-LSAP Koalitioun, ouni Rücksicht op den nächste Waltermäin, ons Staatsfinanze séier op gesond Féiss stelle fir ähnlech Risike fir onst Land ze vermeiden.

De Lëtzebuerger Finanzminister Luc Frieden huet eng ganz ëmstridden Decisioun zu Bréissel matgedroen, déi och grouss Risike fir Lëtzebuerg a seng Finanzplaz nozitt. An Zypern – no Modalitéiten, déi schonns hu missen an enger Telefonskonferenz geännert ginn an déi den Owend vum zypriotesche Parlament ofgestëmmt ginn –  sollen en Deel vun de Suen, déi op Bankkonten oder Spuerbicher leien, iwwert eng speziell Taxe un de Staat goe fir, eemol méi, den Euro ze “retten”.

Dës ëmstridden Decisioun kann dozou féieren, datt Spuerer a soss Clienten hiert Vertrauen an d’Banke verléieren, an e sougenannten „Bank Run“ provozéieren. Dëst trëfft dann net nëmmen Zypern a Länner, déi schonns elo ënnert der Eurokrise leiden. En Deel vun den Erspuernisser risquéiert esou aus der Eurozone ofgezunn ze ginn, fir z.B. op London an aner Finanzplazen transferéiert ze ginn, déi net dem Diktat vun der Eurozone ënnerleien.

Déi international Medie kommentéieren dës Decisioun awer och op eng aner Manéier, déi fir Lëtzebuerg ganz schiedlech ass. Zypern gëtt a Kommentaren als grouss Finanzplaz duergestallt, déi aner Länner géif schueden, wann et drëms geet Stéieren anzezéien. D’Krise op der Mëttelmierinsel gëtt dann och nom Motto behandelt: Schued iech näischt! Am selwechten Otemzuch ginn dann awer och aner Bankplazen aus der Eurozone kritiséiert, dorënner Lëtzebuerg!

Déi drastesch Mesuren, déi Zypern operluecht krut fir Hëllef an der Eurokrise ze kréien, mussen awer och als däitlech Warnung vun der Lëtzebuerger Regierung verstane ginn. Fir d’ADR ass et 5 vir 12, datt ons Staatsfinanzen nees an den Equiliber bruecht ginn, an dëst net iwwert nei Steieren, mä an éischter Linn iwwert d’Reduzéierung vun den Depensen. D’Staatsschold muss stabiliséiert ginn an d’Kritäre vun der Eurozone däerfen net nëmmen duerch en Iwwerschoss an der Sozialversécherung erreecht ginn. Wa muer Lëtzebuerg sech misst Hëllef vu Bréissel froen, da misst mat genee esou uerge Konsequenze gerechent ginn ewéi déi, déi haut Zypern treffen.

Deel dëse Post: