Hannerbliwwenerent !

Hei fannt Dir déi parlamentaresch Fro vun der honorabel Députéiert Alexandra Schoos.

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsminister a sozial Sécherheet weiderzeleeden.

Ech si  kontaktéiert gi vun enger Madamm, well si keen Usproch huet op eng Hannerbliwwenerent. D’Grënn dofir si folgend laut Artikel 196, Kapitel 2, Buch 3 vun der Pensiounsversécherung:

  • De verstuerwene Partner hat bei der Hochzäit schonn d’Pensioun
  • D‘Koppel hat méi wéi 15 Joer Altersënnerscheed a sie war nëmme 7 Joer bestuet

De Mann ass am Alter vu 74 Joer verstuerwe, een Alter deen nach wäit ënnert der duerchschnëttlecher Liewenserwaardung hei zu Lëtzebuerg läit (Männer: 80.06 Joer, 2023; Quell: https://de.statista.com/statistik/daten/studie/18657/umfrage/lebenserwartung-in-luxemburg/). Hien hat sech mat 67 Joer rëm bestuet, engem Alter an deem een dacks grad an d’Pensioun start a säi Liewen nach wëll genéissen an engem eng erneiten Hochzäit dierf zougestane sinn. Et well ee sécher sinn, dass de Partner/d’Partnerin finanziell ofgeséchert ass, am Doudesfall. Et stellt sech eraus, dass ee bei engem Altersënnerscheed vun > 15 Joer mindestens 10 Joer bestuet si muss/am Partenariat gelieft hu muss. Hätt de Mann nach 3 Joer méi laang gelieft, hätt seng hannerbliwwe Fra en Usproch op d’ Hannerbliwwenerent gehat.

An dem Kontext wéilt ech der Regierung dës Froe stellen:

  1. Wéi Wat ass d’Rationale hannert der Festleeung vun der Unzuel Joren déi ee muss bestuet gewiergt sinn? Wat ass den Ënnerscheed ob eng Koppel 5, 10 oder 15 Joer bestuet ass fir en Urecht op eng Hannerbliwwenerent ze kréien (bei Altersënnerscheed > 15 Joer)?
  2. Wat ass d’Rationale hannert der Festleeung vun der Héicht vum Altersënnerscheed?
  3. Wat gedenkt d’Ministesch an der Hisiicht ze maachen, dass et sech heibäi ganz kloer em eng sozial Diskriminéierung a finanziell Benodeelegung vu Koppele mat engem gewëssen Altersënnerscheed handelt (an Däitschland hunn 8.3 % vun de Koppelen > 10 Joer Altersënnerscheed,
    Quell: https://de.statista.com/statistik/daten/studie/1004551/umfrage/altersunterschied-der-paare-in-lebensgemeinschaften-in-deutschland/)?

 

Mat déiwem Respekt,

hei fannt Dir d’Äntwert vun der Gesondheetsministesch Madame Martine Deprez.

Deel dëse Post: