[Parlamentaresch Froen] Vu Beiestierwen bis Waffeschmuggel

Chamber

Eng ganz Rëtsch héigintressant parlamentaresch Froen hunn an de leschte Wochen an Deg eng Äntwert fonnt, dovun der vill mat ganz intressanten Detailler …

  • A Saachen Umgangsrecht mat de Kanner bei enger Scheedung koum aus Däitschland eng intressant Jurisprudenz. De Fernand Kartheiser hat nogefrot, op dat hei am Land notéiert ginn ass, a wat eis Regierung wëll maachen fir deem Urteel vum Europäesche Geriichtshaff gerecht ze ginn.
  • De Fernand Kartheiser wollt Precisiounen iwwer d’Praxis vu Cadeauen un d’Léierpersonal. Den zoustännesche Minister gët ganz präzis Detailler iwwer dat, wat erlaabt ass a wat nët.
  • An der Fro vun enger nationaler Radiosfrequenz wollt de Fernand Kartheiser wëssen, wiesou déi fir e franséischsproochege Programm reservéiert gouf. De Premier probéiert, dat ze erklären.
  • Lëtzebuerg hätt kee Problem mat Waffeschmuggel heescht ët an enger weiderer Äntwert op eng Fro vum Fernand Kartheiser. De Grand-Duché géing awer aktiv international matschaffen, fir dës Kriminalitéit ze ënnerbannen.
  •  Den ADR-Deputéierte Roy Reding séngersäits hat eng Fro gestallt iwwer d’Verbreedung vum Fuussbandwuerm zu Lëtzebuerg. Dat am Kontext vum Verbuet vun der Fuussejuegd.
  • Weider Froen vu sénger Säit hu sëch em d’Prozedur vun enger „Saisie immobilière“ gedréit a ëm d’Immatrikulatioun vun auslännesche Gesellschaften hei am Land gedréit.
  • Och nach ëmmer aktuell ass seng Fro iwwer d’Beiestierwen an d’Pestiziden, déi dofir responsabel sinn.

Nach op eng Äntwert waarden am Ament sechs Froën:

De Gast Gibéryen an de Fernand Kartheiser wëllen eng Lëscht vun der präislecher Entwécklung vun de Kommunaltaxen. D’Spoliatioun vun eise jiddesche Matbierger am Zweete Weltkrich ass analyséiert ginn, mais de Fernand Kartheiser hätt gär, dass deen Dossier eng Suite kritt. De Fernand Kartheiser huet och nach Detailler gefrot iwwer d’Auswierkungen vu Wandanlagen op Mënsch a Natur an iwwer d’Wunnengsbaupolitik hei am Land. Ganz nei sinn zwou Froen iwwer Auditen am Zesummenhang mam Transport vun handicapéierte Mënschen, déi sech iwwer eng laang Zäit zéien. Schliesslech geet eng Fro iwwer d’finanziell Schwieregkeete vum Fong de Logement, nodeems anscheinend eng Kreditlinn gekënnegt gouf.

 

Deel dëse Post: