Gutt Aarbechtskonditioune bei der CFL erhalen!

D’CFL hir Zich no an no automatesch fuere loossen. Wat bedeit déi Ëmstellung fir déi berufflech Zukunft vun de Maschinisten?

Eng parlamentaresch Fro vum Jeff Engelen:

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Verkéiersminister weiderzeleeden.

An engem Interview deen den 20. Februar ënnert dem Titel “Streben Verfügbarkeit von 98,5 Prozent an” am Tageblatt publizéiert gouf, heescht et, datt d’CFL bei der Moderniséierung vun hirem Fuerpark och no an no wëll op Software fir automatesch Fueren ëmstellen (ATO), déi bis ewell haaptsächlech an de Metroe vu grousse Stéit am Ausland agesat gëtt. De Maschinist géif dann zumindest bei den neie Modeller just nach als passiven Acteur an der Kabinn sëtzen, wärend d’Maschinn u sech computergesteiert gëtt. Aktuell beschäftegt d’CFL eng ronn 300 Maschinisten. Duerch d’Automatiséierung vun hirer Tâche gëtt aktuell d’Méiglechkeet vun enger Reduktioun vum Stroumverbrauch ëm 20 Prozent ugeholl.

An deem Zesummenhang géif ech dem Här Verkéiersminister gär dës Froe stellen:

1) Kann den Här Minister elaboréieren, wéi sech d’Automatiséierung vun den CFLs-Zich op der Streck mëttelfristeg op dat allgemengt Aarbechtsverhältnis- an d’Konditioune vun de Maschiniste wäert auswierken?
2) Kann den Här Minister eng Opstellung vun de Investitiouns- souwéi de Betribskäschte vun der entspriechender ATO-Software presentéieren a preziséieren iwwert wéi een Zäitraum dës sech vis-à-vis vum Asaz vun “Humamressourcë” géif amortiséieren? Kann den Här Minister an deem Zesummenhang garantéieren, datt en eventuelle Käschtendrock duerch de gratis ëffentlechen Transport net um Réck vum Personal ausgedroe gëtt?
3) Kann den Här Minister eng Opstellung vum Energieverbrauch vun der ATO-Software presentéieren, a preziséieren, wéi héich d’Nettoreduktioun vis-à-vis vum duerchschnëttleche Verbrauch vun den mënschleche Maschinisten ausfält?

Mat déiwem Respekt,

Jeff Engelen
Deputéierten

Deel dëse Post: