Gudden Discours mat der Fédération Horticole

D’ADR huet den 31. Juli d’Federatioun vun de Geméis- Uebst- a Blummegäertner bei sech begréisst. Et hat een e ganz gudden, oppenen Dialog iwwert d’Suerge vun der Federatioun. Et goung an éischter Linn ëm déi héich Waasserpräisser, déi vu Gemeng zu Gemeng ënnerschiddlech kënnen ausfalen. D’Federatioun huet besonnesch a méi dréchene Periode Problemer fir d’Waasserversuergung sécherzestellen. Eng Léisung wär hei d’Schafe vu Réckhaltebecken. D’Gäertner ginn allerdéngs mat ëmständlechen, sënnlose Prozedure geplot. Genee dës Prozedure maachen et de Gäertner och schwéier, méi Pëtzen ze bauen, fir kënne flossno Waasser ze notzen. D’ADR, déi sech zanter laangem an der Chamber géint sënnlos an ideologesch Fuerderungen asetzt, hat vill Versteesdemech fir d’Federatioun.

D’Federatioun war vertrueden duerch hiren éischte Vizepresident, Conny van de Sleus, duerch Nicki Kirsch, Porte-parole vun der Fachgrupp Geméis- an Uebstgäertner, duerch de Léon Witor, Éierepresident vum Landesuebstbauveräin an duerch d’Josiane Valentiny, Sekretärin vun der Federatioun.

Deel dëse Post: