De Fernand Kartheiser huet sech net erfreet gewisen iwwert ee Gesetzesprojet, den Neierungen am Grondschoulsystem mat sech bréngt. Ee vun de wichtegste Kritikpunkten as déi progressiv Francophoniséierung. D’ADR gesäit d’Lëtzebuergescht a just d’Lëtzebuergescht als Integratiounssprooch. Natierlech steet d’ADR fir eng Méisproochegkeet amm alldeegleche Liewen, mä et däerf net zu enger Diskriminatioun souwuel vu Lëtzebuerger Kanner wéi och vu Kanner, déi kee romanesch-sproochegen Hannergrond hun, kommen. Des weidere begréisst den ADR-Deputéierten zwar d’Aféiere vun engem Schouldirekter an der Grondschoul, verweist awer zugläich op Widderspréchlechen: Déi hierarchesch Positioun vum Schouldirekter gëtt doduerch ënnergruewen, datt all Enseignant duerch déi geplangte Mediatiounsprozeduren Decisioune vum Direkter a Fro stelle kann, eng Virgoensweis, déi et soss niergendwou an der Fonction Publique gëtt. D’Aféiere vum sougenannten “plan de développement scolaire” féiert dem Fernand Kartheiser no zum Entstoe vun engem bürokratesche Monster. Et däerf net sinn, datt d’Schoulpersonal an Zukunft méi mat bürokratesche Strukture beschäftegt ass, wéi sech em d’Wuel vum Kand ze këmmeren. D’ADR setzt sech dofir an, datt d’Kand am Mëttelpunkt vum Schoulsystem steet!