Grondschouldirektioun mat eegener Personalvertriedung

D’Grondschoul huet hir eege Problemer an Uleies. An och hiert leedend Personal ass mat anere Problemer konfrontéiert wéi zum Beispill de Secondaire. Duerfir hu sech eng 60 Leit an enger eegener Personalvertriedung (ënnert dem Daach vun der CGFP) regroupéiert. Si ënnersträichen an enger Entrevue mat der ADR, datt d’Reform vun der Grondschoul ëmmer nach e grousse Schantjen ass. D’Inspektere si jo elo “Schouldirekteren”, déi awer regional, net lokal schaffen. Fir si muss d’Reform sech an der Praxis nach beweisen, och wann eenzel Punkte wéi eng nei Aarbechtsopdeelung eng Verbesserung bréngen. Personell huet déi Reform näischt geännert an d’Aarbechtslaascht ass nach ëmmer grouss, esou datt den  direkte Kontakt mat de Schoulen eng Erausfuerderung bleift. Mam Fernand Kartheiser huet sech den 30. Mee eng Delegatioun vum Syndicat national des Cadres supérieurs de l’Education ënnerhalen. 

Deel dëse Post: