Gratis Schoulbicher mat ville praktesche Schwieregkeeten

De Fernand Kartheiser probéiert mat 14 ganz konkrete Froen un de Schoulminister déi praktesch Schwieregkeeten, déi sech aus der Verdeelung vu Gratis-Schoulbicher erginn, ze léisen. Tatsächlech ass et net esou einfach, dëse Projet fir all Partner zefriddestellend ze organiséieren. Den ADR-Deputéierte geet esou wuel op Saachen an, déi Eltere monéieren, wéi op Schwieregkeeten vum Léierpersonal a vun de Librairien.

Deel dëse Post: