Granada-Konventioun a wat dann?

De Fernand Kartheiser hat e puer pertinent Froen zur Granada-Konventioun, déi de 25. Februar, no 20 Joer, an der Chamber ratifizéiert ginn ass. Misst net de “Service des Sites et Monuments” opgestockt ginn fir all déi nei Aufgaben ze erfëllen? Wär en Inventaire vun eise Kulturgidder net besser zesumme mat de Leit aus den Dierfer a Stied ze maachen, déi sech do drëm këmmeren (Geschichtsfrënn, Amis du château …)? Wär et net un der Zäit Sponsoring vu Kulturmanifestatiounen a Restauratiounsaarbechten finanziell unzeerkennen? A wéi wär et mat Sanktiounen, wann architektonesch Kulturgidder futti gemaach ginn?

Deel dëse Post: