Gräift de SCRIPT an d’Privatwirtschaft an?

Laut Ministère komme vum Schouljoer 2023/24 gréisser Ännerungen op d’Librairien duer, déi mam Ministère konventionéiert si fir de Verkaf vun de gratis Schoulbicher fir d’Lycéeën. D’Fédération luxembourgeoise des Libraires huet un déi betreffend Librairien ee Formulaire geschéckt, fir chiffréiert Informatiounen iwwer de Verkaf vu Schoulbicher am Kader vum Programm “mybooks.lu” ze kréien. Bei dësem Sondage huet op d’mannst eng vun de concernéierte Librairien op d’Fro “Quelle serait la conséquence pour votre librairie si le MEN/SCRIPT ne faisait plus un appel à partenariat dans le cadre du GMS / mybook.lu?” d’Case “Impact majeur: risque de fermeture de la librairie” cochéiert. Domat stellt sech d’Fro: Ginn och déi lescht Librairien, déi et iwwerhaapt nach hei am Land gëtt, vum SCRIPT an de Ruin gedriwwen?

 

Deel dëse Post: