Gouf et eng Lëtzebuerger Test-Diplomatie?

Déi Däitsch ware méi séier fir eist Land als Risikogebidd anzestufen, wéi fir eis nees vun därt Lëscht erof ze huelen. An dem Bausseminister Jean Asselborn seng Avancen änneren doru näischt. Beim RKI schaffen ebe keng Fernsehkäch, mat deenen den Här Asselborn esou gutt kann. Duerfir wär et och virum Lëtzebuerger Corona-Test-Programm wichteg gewiescht, mat dem däitsche Robert-Koch-Institut a Kontakt ze trieden, dat weltwäit e wichtegt Wuert a Saache Corona matgeschwat huet, an d’RKI-Wëssenschaftler vun der Lëtzebuerger Approch ze iwwerzeegen. Ob dat vun der Lëtzebuerger Regierung beduecht a probéiert ginn ass, wëllen d’ADR-Deputéierter Fernand Kartheiser a Jeff Engelen an enger parlamentarescher Fro gewuer ginn.

Deel dëse Post: