Goudronsfabrick: Wéi war dat mat der Kohärenz?

Den ADR-Bezierk Süden ass entsat iwwert d’Decisioun vun der Regierung, der ëmstriddener Goudronsfabrick, déi op de Site ‘um Monkeler‘ sollt kommen, d‘Betribsgeneemegung ze accordéieren. Dëst wäert nämlech negativ Konsequenzen hunn um Niveau vum Verkéier, vum Ëmweltschutz a méi allgemeng vun der Liewensqualitéit vun den Awunner.

Datt sech och déi aner Parteien, a ganz besonnesch déi Gréng, missten deene Problemer bewosst sinn, ass evident. An aus deem Grond condamnéiert d’ADR hir Attitude vun deene leschten Deeg. Et kann net sinn, datt ee virun de Wale géint de Bau vun der Goudronsfabrek ass, an no de Walen näischt mécht, fir en ze verhënneren.

Wéi kann een iwwerhaapt behaapten, esou wéi den Här Staatssekretär et gemaach huet, et géif een sech beim Accordéiere vun der Betribsgeneemegung just un d’Gesetzer halen? Woren déi Gesetzer deene Gréngen dann net bekannt, wou si sech nach géint dee Projet ausgeschwat hunn?

Et geet net duer, déi concernéiert Awunner ze besänftegen, andeems déi eng oder déi aner Kompensatiounsmoossnam annoncéiert gëtt. Et muss ee kënnen de Leit no de Walen datselwecht zielen, wat virun de Wale versprach gouf.

Matgedeelt vum ADR-Bezierk Süden

Deel dëse Post: