Glasbréck: CSV an LSAP sinn net glafwierdeg !

D’ADR kann sech iwwer déi rezent Aktioun vun de Stater CSV- an LSAP-Sektiounen nëmme wonneren. Amplaz mat eidle Spréch géint d’Glasbréck um Knuedler ze proadréieren, hätten déi concernéiert Gemengeconseillere solle konsequent sinn a sech vun Ufank u géint dëse Projet ausspriechen.

D’ADR-Sektioun Stad hëlt zur Kenntnis, datt och aner Oppositounsparteien endlech verstanen hunn, wéi sënnlos de Bau vun enger Glasbréck um Knuedler ass. Dës Erkënntnis kënnt allerdéngs vill ze spéit! Am Abrëll 2009 haten d’CSV an d’LSAP d’Geleeënheet fir am Gemengerot géint dëse Projet ze stëmmen; si hunn sech awer enthalen. Am Hibléck op dëse Vote an op déi rezent Proadraktioun kann ee sech d’Fro stellen, wéi et mat der Glafwierdegkeet vun CSV an LSAP steet.

D’ADR ass déi eenzeg Partei, déi an dësem Dossier hirer Linn trei bleift: si huet als eenzeg Partei géint de Bau vun der Glasbréck gestëmmt a si wiert sech weiderhi géint dëse Projet.  D’ADR ënnerstëtzt  net nëmmen d’Biergerinitiativ géint déi Bréck, mä och all kulturell Associatiounen, déi sech fir d’Erhaale vun eiser Stad asetzen.

Déi nei Glasbréck ass iwwerflësseg a si zerstéiert en Deel vum historesche Stadbild.

D’ADR verlaangt och, datt déi symetresch Trape lénks a riets vun der Gemeng nees integral opgebaut ginn.

Deel dëse Post: