Halen d’Gemengen sech un de Grondsaz vun der Chancegläichheet, wann si hir Säll fir Walkampfveranstaltungen u Parteie verlounen?
Eng parlamentaresch Fro vum Jeff Engelen:
Här President,
esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Banneminister weiderzeleeden.
Den 23. Januar hu bal all Parteien e Walkampfofkommes ënnerschriwwen, dat e faire Mateneen souwuel fir d’Gemenge- wéi och fir d’Chamberswale virgesäit. Esou wéi et mir zougedroe gouf schéngt et awer sou ze sinn, datt verschidde Gemengen hir Autonomie esou interpretéieren a benotzen datt si fir Parteien, déi Lokalitéiten vun der Gemeng benotze wëllen, ënnerschiddlech Tariffer fixéieren, je no dem ob déi betraffe Partei am respektive Gemengerot vertrueden ass oder net.
Am Hibléck op potenziell Walkampfveranstaltungen géif sech hei d’Gefor tëschent engem Interessekonflikt vun der Gemengenautonomie an der Chancëgläichheet vu sämtleche Parteien erginn.
An dem Zesummenhang géif ech der Madamm Banneminister gär dës Froe stellen:
1) Wéi ass d’Positioun vun der Regierung an där Fro? Géing déi politesch Fairness et net verlaangen, datt d’Gemengen all politesch Parteien déi sech un de Wale bedeelege wëllen, d’selwecht behandelen?
Mat déiwem Respekt,
Jeff Engelen
Deputéierten