Glaciskapell: den Tramschantier muss gestoppt ginn!

Um Chantier fir den Tram waren d’Fondatioune vun der historescher Glaciskapell fonnt ginn. Nëmmen duerch d’Interventioun vum Georges Hellinghausen ass de Chantier gestoppt ginn, an déi zoustänneg archeologesch Servicer konnten e Bléck op déi historesch Gemaier werfen. Déi historesch Kapell um Glacis ass eng wichteg Gedenkplaz an der Geschicht vun der lëtzebuerger Kierch an dem Lëtzebuerger Vollek: se steet am Ursprong vun der Oktav an der Veréierung vun der Tréischterin am Leed.

Wéinst dësem schroe Virfall huet den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser eng dréngend parlamentaresch Fro un de Kulturminister an un den Trams- a Baggerminister gestallt. An e krut elo eng séier Äntwert. Op d’mannst d’Prozeduren sinn – duerch Zoufall – agehale ginn, mee d’Gefor, datt dëst historescht Denkmal ënnert den Tramsschinne verschwënnt, ass nach ëmmer do.

Deel dëse Post: