Ginn héich begaabt Schüler genuch gefërdert?

De Fred Keup freet de Schoulminister, firwat an eise Schoule sou vill héich begaabt Schüler de Kapp hänke loossen.

Fro:

Héich begaabte Schüler ginn an eisem Schoulsystem oft net erkannt bzw. ënnerschätzt an deemno och schlëmmstefalls diskriminéiert. Jiddefalls ass dat d‘Feststellung vun ville Elteren, deenen hiert iwwerduerchschnëttlech begaabte Kand sech an der Schoul oft friem fillt a sech aus deem Grond a sech zréckzitt oder souguer Depressiounen entwéckelt. Dat féiert dann oft dozou, datt dës Kanner net déi Notte kréien, déi een eigentlech vun hinnen erwaarde géif.

Vill Eltere wëssen net, wéi se hire Kanner, déi an deem Fall sinn, hëllefe kënnen. Si maache sech Suergen, wann d’Notte vun hirem Kand ofrutschen, besonnesch dann, wann et an der Vergaangenheet gutt Notte krut.

An deem Zesummenhang hunn ech folgend Froen un den Här Minister:

  1. Leien dem Här Minister Statistike vir, wéi vill héich begaabte Schüler et am Enseignement fondamental gëtt?
  2. Huet de MENEJ e Laangzäitkonzept (5- resp. 10-Joresplang) zur Fërderung vun Héichbegaabten? Falls jo, wéi gesäit dëst nationaalt Konzept vum MENEJ aus? Säit wéini besteet dëst? Wéini gouf dëst fir d’lescht evaluéiert? Falls nee, firwat ass keen esou Konzept ausgeschafft ginn?
  3. Wéi eng Initiativen hëlt de MENEJ konkret, fir Héichbegaabter ze ënnerstëtzen?
  4. Wéi garantéiert de MENEJ, datt d’Fërderung vun engem héich begaabte Schüler konsequent ëmgesat gëtt?
  5. Wéi traitéiert de Ministère déi eenzel Directions générales, wann eng Fërderung an engem Departement net konsequent ëmgesat gëtt? Wéi gëtt dëst dokumentéiert? Wat sinn hei d’Konsequenzen?
  6. Wéi garantéiert eng Direction générale, datt den héich begaabte Schüler déi néideg Fërderung kritt? Wéi ënnerstëtzt eng Direction générale d’Léierpersoune bei dëser Aufgab?
  7. Ginn d’Elteren an deem Kontext mat agebonnen? A wéiwäit?
  8. A wéiwäit an a wéi engem Rhythmus ass eng Léierpersoun ugehalen, sech beim Thema “Héich begaabt Kanner” weiderzebilden?
  9. Besteet hei eng Weiderbildungsdemande säitens dem Léierpersonal? Wa jo: Wéi gëtt där Demande Rechnung gedroen?
  10. A wéiwäit ass den “Centre pour enfants et jeunes à haut potentiel” an dës Weiderbildungen agebonnen?

Äntwert:

Ad 1)
D’Feststellen vun der Héichbegabung geet haaptsächlech iwwert IQ Tester, sou Tester ginn net
systematesch bei alle Schüler duerchgefouert, dofir ginn et och keng genau Zuelen fir den Enseignement
fondamental. Et kann een dervun ausgoen, datt 2,23 % vun der Bevëlkerung an esou engem IQ Test wäit
iwwerduerchschnëttlech géifen ofschneiden (also en IQ vun iwwer 130 hunn), dat wieren 1.180 Schüler a
Schülerinnen vun den 52.945 Kanner aus der Grondschoul.
Ad 2)
Mam Gesetz vum 20. Juli 2018 iwwert d’Kreatioun vu Kompetenzzentren a Faveur vun der Inklusioun gouf festgehalen, datt Kanner a Jugendlecher déi héichbegaabt sinn och als Elèves à besoins spécifiques gezielt ginn, wann si eng spezialiséiert Prise en Charge brauchen, fir hiert Potential kënnen ze entwéckelen. An dësem Kader gouf mam Schafe vum Centre pour enfants et jeunes à haut potentiel (CEJHP) e wichtegen Accent op d’Thematik vun der Héichbegabung geluegt. Kanner mat Héichbegabung kréien, wann si dat brauchen, Ënnerstëtzung ugebueden vun de verschiddenen Acteuren déi an der Inklusioun schaffen. Och gëtt reegelméisseg an de Schoulen zum Thema Héichbegabung sensibiliséiert an et gi Formatiounen fir d’Enseignanten ugebueden.
Ad 3)
Eng ganz Rei Moossnamen kënne geholl ginn, fir héichbegaabte Kanner ze ënnerstëtzen:
– Den Titulaire ka säin Enseignement adaptéieren (zum Beispill d’Matière méi kompakt ënnerriichten, de Schüler méi séier weiderkomme loossen an dem Schüler ee méi räicht Angebot u Matière an Theemen proposéieren);
– De Schüler kann deels an enger méi héijer Klass beschoult ginn (fir verschidde Fächer);
– En Zykel kann am Plaz vun zwee Joer, an engem Joer gemaach ginn;
– Aménagementer déi dem Kand hëllefen, kënnen virgeholl ginn.
De CEJHP bitt ausserdeem nach spezifesch Léieratelieren, Interventiounen vun engem Enseignant, Ressource beim Schüler an der Schoul (ISA), an individuell Suivien (an den Theemefelder vun der
Psychologie, Pédagogie oder Psychomotricitéit) un.
Ad 4)
Allgemeng ass den Enseignant verflicht, säin Unterrecht un d’Besoine vun all Kand unzepassen.
Wann ee Schüler eng spezifesch Prise en charge brauch, kann d’Commission d’inclusion vun der Schoul
kontaktéiert ginn. D’Commission d’inclusion hält dann an engem Plan de prise en charge individualisé
(PPCI), zesummen mat den Elteren, Fërdermesuren fir de Schüler fest an ernennt eng sougenannten
Personne de référence déi de Suivi vum Schüler sengem Dossier assuréiert. Dëse PPCI gëtt regelméisseg
évaluéiert an un d’Besoine vum Schüler ugepasst.
Um nationalen Niveau gëtt et d’Commission nationale d’inclusion (CNI), déi, wann se saiséiert gëtt, zu all
Moment bei der Commission d’inclusion den Dossier ufroen an gegebenenfalls och d’Commission
d’inclusion oder e Kompetenzzenter chargéieren kann eng nei Evaluatioun vum Schüler ze maachen.
D’Fërderung vum Schüler gëtt also duerch eng regelméisseg Dokumentatioun an Reevaluatioun vun
sengen Besoine garantéiert.
Ad 5)
Op nationalem Niveau ass et esou, datt wann Problemer bestinn wat d’Ëmsetzung vu verschiddene
Fërdermesuren ubelaangt, d’CNI ee wichtegen Uspriechpartner fir d’Direktiounen an d’Elteren ass an
deem se hirem Rôle als Conciliateur nokënnt.
Des Weideren ass ze bemierken, datt wann d’CNI vun enger Commission d’inclusion vun enger Direktioun oder vun Elteren saiséiert gëtt fir eng spezialiséiert Prise en charge fir ee Schüler en place ze setzen, d’CNI fir d’éischt, am Kader vun der Analyse an Evaluatioun vun der Demande, iwwerpréift op um lokalen a regionalen Niveau schonns Mesuren en place gesat goufen.
Am Kader vun der Eenzelfallanaylse, hält d’CNI d’Constaten a Conclusiounen an engem interne Rapport
fest a prononcéiert sech zu der Suite vun der Demande. Wann d’CNI kee Bien-fondé vun der Demande
ka festhalen fir e Kompetenzzenter ze saiséieren, schéckt d’CNI Demande mat engem Bréif un
d’Commission d’inclusion zeréck mat der Recommandatioun d’Mesuren um lokalen a regionalen Niveau
en place ze setzen. Falls Problemer bei der Mise en place vu Mesuren bestoen sollten, gëtt den Échange mat der jeeweileger Direktioun gesicht fir gemeinsam no enger Léisung ze sichen.
Ad 6)
D’Fërderung vun den héich begaabten Schüler gëtt um Niveau vun den Direktiounen engersäits
garantéiert duerch déi verschidden Mesuren déi fir e Schüler en place gesat kënne ginn (wéi zum Beispill
een adaptéierten Léierprogramm), déi dann an engem PPCI festgehalen ginn.
Anerersäits gëtt d’ Prise en charge garantéiert duerch den Encadrement vum Schüler duerch forméiert
Léierpersonal, awer och duerch spezial forméiert Intervenanten déi, en cas de besoin, direkt an de Klassen agéieren kënnen fir d’Léierpersonal an de Schüler ze ënnerstëtzen, wéi den Instituteur spécialisé dans la scolarisation des élèves à besoins éducatif particuliers ou spécifiques (I-EBS) oder och d’Équipe de soutien des élèves à besoins éducatifs particuliers ou spécifiques (ESEB).
Dës Weideren kann sech d’Léierpersonal och un den CEJHP wenden, deen als Centre de compétences en
psycho-pédagogie spécialisée, eng Conseil-guidance Missioun fir d’Léierpersonal huet.
Ad 7)
Jo, d’Elteren sinn ëmmer an allen Etappen agebonnen.
Ad 8), 9) an 10)
All Enseignant ass gehalen sech weiderzebilden an dat mindestens 48 Stonnen iwwert dräi Joer.
Den IFEN an Zesummenaarbecht mam CEJHP bitt dofir Weiderbildungen zum Theema Héichbegabung e puer mol am Joer un. Am Schouljoer 2021/2022 huet den IFEN 64 Leit forméiert. D’Formatioune goufen en présentiel, sou wéi och online an am blended learning ugebueden. Am Schouljoer 2022/2023 goufen 119 Leit forméiert wärend fir 63 Leit d’Formatioun nach usteet.
Doriwwer eraus ginn och vill Equipes pédagogiques vum CEJHP gecoacht, an och d’I-EBS kréien
regelméisseg spezifesch Weiderbildungen zum Thema Héichbegabung offréiert

 

Deel dëse Post: