Ginn et genuch Tester fir Leit déi wëlle reesen?

Wéi der ADR zougedroe gouf, hunn am Moment vill Leit Probleemer, fir rechtzäiteg e COVID-Test ze kréien, wann si wëlle verreesen. A villen Apdikte sinn anscheinend keng Antigen-Tester méi disponibel an d’Leit mussen immens Oppräisser bezuelen, wann si kuerzfristeg en Test brauchen, wat sech da vill net leeschte kënnen. Des Weidere sollen eng Rei informatesch Probleemer virleien. Kann d’Regierung dës Informatiounen, déi duerch d’Aktualitéit vun der Reessaison besonnesch brisant sinn, confirméieren a wéi gedenkt si an deem Fall dorop ze reagéieren?

Deel dëse Post: