Ginn eis Privatsphär a Grondrecheter geaffert?

Den ëmstriddene Konzept vun enger Tracing-App – virun där scho vill Fuerscher hir Bedenke mat Nodrock ëffentlech gemaach a gewarnt hunn – gëtt staark kritiséiert, ënner anerem wéinst de Konsequenzen op d’perséinlech Fräiheeten a Rechter an och wéinst der wëssenschaftlecher Notzbarkeet vun esou enger App.

Vill Problemer a Geforen si scho bekannt ginn, esou datt sech an dësem Zesummenhang vill Froe stellen, haaptsächlech iwwert den Dateschutz an d’Privatsphär vun de Bierger. Awer och d’Beweegungsfräiheet spillt hei eng grouss Roll. Den Deputéierte Fernand Kartheiser wollt et genau wëssen an huet eng detailléiert Fro un d’Gesondheetsministesch an un d’Justizministesch geriicht.

 

Deel dëse Post: