Gewalt géint CFL-Personal: Regierung äntwert net op wichtegst Froen!

Déi blann Gewalt Mëtt Mäerz géint CFL-Personal hat fir Opreegung am Land gesuergt. E Grupp vun 10 Jugendlecher hat deemools op der Éiter Gare zwee CFL-Mataarbechter zolidd agresséiert a geschloen. Et war och eng Eiseplack op d’Schinne geheit ginn, déi villméi Schued hätt kënnen uriichte wéi just eng Noutbremsung vun engem Zuch. Den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser wollt nom Tëschefall am Mäerz wësse, wat d’Suitte vum Incident sinn a wou d’Enquête drun ass. Vun der Regierung gëtt et zum Beispill keng Äntwert ob d’Täter scho gepëtzt konnte ginn oder wou d’Enquête am Ablack iwwerhaapt drun ass. Och aner wichteg Froe, firwat an dësem Fall keng Täterbeschreiwung publizéiert gouf a wéi d’Sécherheet op den Eisebunnsstrecke kuerzfristeg ka verbessert ginn, gouf et keng Äntwert.

Ma keng Suerg, d‘ADR haakt dofir nachmol no!

Deel dëse Post: