Gewalt am Stot: Chancëgläichheet fir d’Männer!

D’asbl Fathers Against Discrimination (Pappe géint Diskriminatioun) haten en Dënschdeg e Proadrpiquet virun der Chamber a hunn do méi Rechter agefuerdert. Fräi nom Motto: “Mir wëlle bleiwe wat mer sinn, ma e Beispill fir de Rescht vun Europa sinn”, hunn se och eng Petitioun lafen. An deem Sënn haten de Fernand Kartheiser zesumme mam Jeff Engelen, deen Dag, och eng wichteg Motioun an der Chamber deposéiert. Enger offizieller Statistik no haten am Joer 2018 ronn 34% vun den Affer vun haislecher Gewalt Persoune vu männlechem Geschlecht, am ganzen 369 Persounen. Bei den Ënnerbréngungsstrukture fir d’Affer feelt et u Better fir déi männlech Affer.Esou ass de Constat deen datt et un Infrastrukture fir Pappe mat Kanner feelt a besonnesch och u Méiglechkeete fir méi laang an esou enger Infrastruktur kënnen ze bleiwen. Duerfir gëtt d’Regierung opgefuerdert fir am Kader vun hirer Chancëgläichheetspolitik Initiativen ze huelen, respektiv z’ënnerstëtzen, déi d’Zil hunn, substanziell méi Ënnerbréngungsstrukture fir Männer a Jongen ze schafen, déi Affer vun haislecher Gewalt sinn.

Liest hei déi ganz Motioun.

Deel dëse Post: