Gëtt un d’Glaciskapell erënnert ?

Nieft de Beem an dem Monument fir de Klëppelkrich ass och déi original Glaciskapell en Affer vum Tram ginn. D’Kapell ass 1628 geweit ginn, zur Éier vun der Muttergottes, Tréischterin am Leed, déi zanter 1666 als Schutzpatréinerin vun der Stad Lëtzebuerg gëllt an zanter 1678 Patréinerin vum ganzen Duché ass. Si ass esou e wichtegen Zeie vun eiser Geschicht.

Watt hunn d’Recherche vum “Nationalen Zentrum fir archeologesch Recherchen” (CNRA) op dëser Plaz bruecht? ginn dës Recherchen a Valeur gesat a gëtt, op der Plaz wou d’Kapell stoung, un dës an un hir Geschicht erënnert? Dës Thematik huet den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser an enger parlamentarescher Fro opgeworf.

 

Deel dëse Post: