Gëtt et just Sexismus géint Fraen?

Gëtt et just Sexismus géint Fraen? De Fernand Kartheiser an de Jeff Engelen froen d’Ministesch Bofferding.

Fro:

Den 23. November huet d’Madamm Gläichstellungsminister eng Campagne géint Sexismus gestart („Sexismus: Erkenn et. Schwätz et un. Stopp et!“), déi dräi Méint lafe soll, woubäi am Ganze siwe Spotten an de Medie gewise ginn. Doriwwer eraus si Broschüren an de Lycéeën a Gemengen ausgedeelt ginn. Dobäi fält engem neutrale Beobachter séier op, datt dës Campagne sech relativ eesäiteg op Sexismus géint Frae fokusséiert. Datt et och Sexismus géint Männer gëtt, ass mëttlerweil kee Geheimnis méi, obschonns, wéi et schonns 2013 an engem “Welt”-Artikel geheescht huet, kaum een driwwer schwätzt.

Den däitsche Werberat beurteelt Sexismus an Diskriminéierung a Bezuch op béid Geschlechter unhand vun deene selwechte Verhalensreegelen a Krittären a weist drop hin, datt et an der Publicitéit nieft Sexismus géint Fraen och vill Motiver ginn, déi ganz kloer d’Männer erofmaachen (https://www.werberat.de/mannerdiskriminierung).

An deem Kontext hu mir folgend Froen un d’Madamm Minister:

  • Kann d’Madamm Minister preziséieren, wéi vill vun deene siwe Spotten, déi am Kader vun der Sexismus-Campagne gewise ginn, bzw. wéi vill vun den ausgedeelte Broschüren och Sexismus géint Männer thematiséieren?
  • Geet d’Madamm Minister dervun aus, datt Sexismus géint Männer e Randphenomen an eiser Gesellschaft ass? Wa jo, mat wéi engen Argumenter ënnermauert d’Madamm Minister dës Behaaptung?

Äntwert:

D’Froen vun den honorabelen Deputéierten Jeff Engelen an Fernand Kartheiser betreffen déi rezent Campagne vum Gläichstellungsministère zum Thema Sexismus an eiser Gesellschaft. Fir d’éischt ass ze bemierken, datt d‘Campagne sech aus 3 Deeler zesummesetzt, nämlech
• Siwen audiovisuell Clipen, déi souwuel op der Télé, am Kino an op sozialen Medien gewisen ginn
• Eng Broschür mat Basisinformatiounen zum Thema Sexismus, déi hirersäits de Renvoi mécht op d‘Kärstéck vun der Campagne, nämlech
• Den Internetsite mat kloeren Definitiounen zum Thema Sexismus, an Informatiounen zu deenen Liewensberäicher wou Sexismus virkënnt, souwéi eng Oplëschtung vun Hëllefsservicer, wou ee sech kann riichten wann ee vun Sexismus betraff ass.

Sexismus betrefft majoritär Fraen a Meedercher, awer och Jongen a Männer kënne betraff sinn. Den Internetsite mécht direkt op der éischter Säit dozou eng kloer Ausso : « Qui est concerné ? Le sexisme affecte principalement les femmes. Cela peut également affecter les hommes et les garçons quand ils ne se conforment pas à des rôles de genre stéréotypés. L’impact négatif du sexisme peut être plus grave pour certaines femmes et certains hommes en raison de leur origine ethnique, âge, handicap, origine sociale, religion, identité de genre, orientation sexuelle ou d’autres facteurs. »
Ee vun de Clipen iwwert d‘Privatsphère geet ganz kloer op Sexismus bei Männer an, andeems besonnesch drop higewisen gëtt, datt Männer an der Kannererzéiung am Stot sexistesche Bemierkungen ausgesat kënne sinn.
Et ass wichteg ervirzehiewen datt déi Facette vum Alldagssexismus déi sech géint Jongen a Männer riichten, aktiv ze bekämpfen sinn.
D’Aussoen um Internetsite an de Clip iwwert de Sexismus an der Privatsphère setzen do e kloeren Akzent, datt et och gëllt de Sexismus bei de Jongen a Männer ze bekämpfen.
Ech wëll och drop hiweisen, dat d’Thema Sexismus bei Jongen a Männer schonn dacks an de Fokus vun der Aarbecht vum Gläichstellungsministère geréckelt ginn ass. Als ee vu ville Beispiller sinn besonnesch d’Clipen zum Thema Men and Care fir den Internationalen Dag vun de Männer den 19. November ervirzehiewen, déi ganz kloer géint de Sexismus bei Jongen, a Männer an der Beruffswelt, der Kannererzéiung an der Famill oder och nach am Beräich vun der Stigmatisatioun vu Männer, déi un psycheschen Krankheeten leiden, sensibiliséieren. Aner Beispiller betreffen den Ausbildungsberäich wéi z.B. de Projet www.madak.lu, dee sech fir Déstigmatisatioun vu Männer an de sozialen Beruffer, an do besonnesch an der non-formaler Kannerbetreiung, asetzt.

 

 

Deel dëse Post: