Gëtt et en Genderzwang op der Uni Lëtzebuerg?

An Däitschland gëtt d’Genderen op den Unien ëmmer méi zum Zwang, mat fatale Konsequenze fir déi Studenten, déi sech net deem Zwang ënnerwerfe wëllen. Wéi gesäit d’Situatioun zu Lëtzebuerg aus? De Fred Keup freet no.

Fro:

Am “tageblatt” vum 3.3.2023 seet d’Madamm Sylvie Kerger, Dozentin fir pedagogesch Psychologie op der Universitéit Lëtzebuerg, iwwert d’Genderen: „Ich glaube schon, dass es so eine Art ‘Ansteckungseffekt’ gibt. Es gibt mittlerweile viele Dozenten auf unserer Uni, die das Gendern verlangen.” An iwwert d’Situatioun an Däitschland: „Auf deren Unis hat sich das Gendern schon durchgesetzt. Es werden eigentlich keine Arbeiten mehr angenommen, wenn sie nicht gegendert sind.”

An deem Zesummenhang hunn ech folgend Froen un den Här Minister:

  • Kann den Här Minister bestätegen, dass et Dozenten op der Universitéit Lëtzebuerg ginn, déi d’Gendere verlaangen? Ass deemno déi normal klassesch Sprooch bei verschiddenen Dozente verbueden? Wa jo, wéi gëtt dëst de Studente kommunizéiert?
  • Wéi reagéiert d’Féierung vun der Universitéit op esou Zwäng, respektiv Verbueter?
  • Wat fir Konsequenze riskéiert e Student op der Universitéit Lëtzebuerg, wann en net gendert, am Fall, wou den Dozent dat verlaangt?
  • Wéi kann e Student, deen zum Gendere gezwongen ass, sech dogéint wieren, respektiv wou kann hie sech beschwéieren?
  • Wéi steet den Här Minister zu esou engem, laut der Madamm Kerger, “Genderzwang” op der Uni?
  • Ass den Här Minister der Meenung, dass Aarbechten, déi net an der Gendersprooch sinn, vun der Uni mussen ugeholl ginn?
  • Ass den Här Minister der Meenung, dass Studenten, déi bei enger Aarbecht op Gendersprooch verzichten, diskriminéiert kënne ginn?

Äntwert:

Ech reagéieren op dem honorabelen Deputéierte seng Froe mat dëse Prezisiounen.
Inklusivitéit a Gläichberechtegung gehéieren zu de Schlësselwäerter vun der Universitéit Lëtzebuerg.
An all hiren Aktivitéite beméit d’Universitéit sech, en inklusiivt a gerecht Ëmfeld unzebidden, esou
wuel fir hir Mataarbechter wéi fir hir Studenten. Als Deel vun hirer Politik fir d‘Gläichberechtegung
vun de Geschlechter promouvéiert d’Universitéit eng inklusiv Sprooch an hirer interner
Kommunikatioun („internal corporate communication“); e Projet fir Richtlinnen opzesetzen ass
amgaang.
D’Universitéit huet keng Politik, déi eng inklusiv Sprooch an de schrëftlechen Aarbechten oder den
Examen imposéiert, obwuel se kann encouragéiert ginn.
Geméiss den Artikelen 46 an 48 vum modifizéierte Gesetz vum 27. Juni 2018 iwwer d’Organisatioun
vun der Universitéit Lëtzebuerg huet e Student ënner gewësse Konditiounen d’Recht, eng akademesch
Entscheedung, déi hie betrëfft, unzefechten, ënnert anerem am Kontext vun de
Studentebewäertungen an der Attributioun vun Notten.

 

 

 

Deel dëse Post: