Gëtt eisen Assurancësecteur doutreguléiert?

De Lëtzebuerger Assurancësecteur kämpft no eegenen Aussoen mat ëmmer méi enger komplizéierter an oft inkoherenter Reguléierung. Dës Virgäng gi vun eiser Regierung zwar net direkt verursaacht, mee duerch hir stëllt Averständnes zu allem wat aus Bréissel kënnt awer mat gefërdert. D’EU-Kommissioun zitt ëmmer méi Kompetenzen u sech, wat zu ëmmer méi a gläiche Virschrëfte, fir déi ganz ënnerschiddlech opgestallten, national Assurancësecteure féiert. D’ADR ass iwwerzeegt, datt dësen eenheetlechen Zwangskorsett duerch méi moossgeschneidert national Léisungen misst ersat ginn, fir der Vilfalt vun deenen ënnerschiddleche Länner Rechnung ze droen.

All dës Virgäng kennen nämlech och ee grousse Gewënner: London! Déi brittesch Regierung wäert an den nächste Joren alles probéieren, fir hiren integrale Finanzsecteur vu sou vill wéi méigleche Regulatiounen ze befreien, déi just duerch d’EU-Memberschaft a Kraaft getruede waren. De Konkurrenzdrock op d’Finanzplaz Lëtzebuerg wäert entspriechend zouhuelen. Fir d’ADR kee Grond fir Mëssgonscht vis-à-vis vun eisen insulare Frënn, mee eng grouss Chance, fir dës wichteg Theema och op déi nationalpolitesch Tapéit ze bréngen.

Deel dëse Post: