Gëtt d’Lëtzebuergescht am Ausland gefërdert?

D’Europäesch Charta fir Regional a Minoritéitssproochen hu 25 Länner ënnerschriwwen an dovunner hu si 17 Länner ratifizéiert, dorënner och Lëtzebuerg.

D’Zil vun dëser Charta ass, datt regional a minoritär Sproochen als Bestanddeel vum kulturelle Räichtum vun Europa am ëffentleche Raum geschützt ginn. Den  Artikel 14 hält fest, datt d’Vertragslänner bilateral oder multilateral Accorde mat deene Länner ofschléissen, an deenen déi selwecht oder eng änlech Sprooch geschwat gëtt, fir esou d’Kontakter tëscht Leit ze favoriséieren, déi déi selwecht Sprooch schwätzen.

Dëst ass besonnesch intressant am Hibléck op eis Nopeschlänner. An deem Kontext stellt de Fred Keup der Regierung eng Rei Froen zur Ënnerstëtzung a Fërderung vum Lëtzebuergeschen am Ausland.

 

Deel dëse Post: