Gëtt de «secret médical» iwwerhaapt nach respektéiert?

Wien am Kader vun der Covid-Pandemie nach mat der Luxair fléie wëll, brauch en negativen Test. Elo konnt een dann och rezent an de Medie liesen, datt och Kulturinstitutiounen, ewéi d’Rockhal, en negativen Test fuerderen, fir iwwerhaapt nach kënnen u Virstellungen deelzehuelen. An deem Kontext froen sech d’ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser a Fred Keup, ob hei iwwerhaapt nach de «secret médical» respektéiert gëtt. Doriwwer eraus besteet d’Gefor, datt an Zukunft nach aner medezinesch Daten als Konditioun benotzt ginn, fir sech nach kënne fräi ze beweegen – Entwécklungen, déi Angscht maachen.

Deel dëse Post: