Gesondheetssecteur – nächste fräie Rendezvous 2025 (!)

Dramatsch Délaien am Lëtzebuerger Gesondheetssecteur – de Jeff Engelen mécht Drock op d’Regierung!

Här President,

sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsminister weiderzeleeden.

Persounen, déi un Osteoporos oder anere Knachestoff-Krankheete leiden, sinn drop ugewisen, reegelméisseg eng sougenannte “Knochendichtemessung” virzehuelen. D’Zoustänn, fir hei am Land – Lëtzebuerg huet just 1 (!) Gerät, fir esou eng Ënnersichung virzehuelen – en Termin fir esou eng Ënnersichung ze kréien, si leider dramatesch. Esou gouf de Patiente matgedeelt, datt en éischte fräien Termin, fir eng “Knochendichtemessung” virzehuelen, eréischt am Januar 2025 (!) méiglech ass. Vill Lëtzebuerger ginn deemno an dat not Grenzgebitt. An der Belscht zu St. Vith – e klengt Stiedche mat grad eemol 10.000 Awunner – kréien si ënnerhalb vun e puer Deeg direkt en Termin

An deem Zesummenhang géif ech der Madamm Gesondheetsminister gär dës Fro stellen:

  1. Wéi ass et an den Ae vun der Madamm Minister ze veräntwerten, datt Leit, déi un Osteoporos oder anere Knachestoff-Krankheete leiden, zu Lëtzebuerg bis 2025 waarde mussen, fir en Termin fir eng “Knochendichtemessung” ze kréien?
  2. Wéi laang sinn der Madamm Minister dës inakzeptabel Delaie scho bekannt? Goufe bis dato schonn Ustrengungen ënnerholl, fir där Situatioun entgéint ze wierken?
  3. Ass et an den Ae vun der Madamm Minister elo net dréngend noutwenneg, fir de Gesondheetssecteur an deem Beräich ze reforméieren? Wéi sollen dës Ustrengunge konkret ausgesinn an ass elo virgesinn, weider Geräter unzeschafen, fir esou eng Diagnos ze erméiglechen?
  4. Kann d’Madamm Minister präziséieren, no wéi engem Berechnungsschlëssel gepréift gëtt, wéi vill Geräter noutwenneg sinn, fir datt Patienten an engem akzeptabelen Delai kënnen esou eng “Knochendichtemessung” virhuelen?
  5. Sinn der Madamm Minister weider Fäll bekannt, wou Patiente mat inakzeptabelen Delaie konfrontéiert sinn, fir eng medezinesch Ënnersichung kënne virzehuelen? Wa jo, a wéi engem medezinesche Beräich trieden dës Delaien op a wat sinn d’Ursaachen (z.B. Personalmanktem, Manktem un techneschem Ekipement etc.) fir dës Delaien?

Mat déiwem Respekt, Jeff Engelen

Deel dëse Post: