Gesetzespropositioun „Classes d’Accueil“

Schoul_1

Dat neit Schoulgesetz vum Februar 2009, ënnert der Ära vum Mady Delvaux-Stehres, huet de Gemengen et verbueden, fir „Classes d’Accueil“ ze organiséieren, an deene Kanner déi nei an d’Land kommen als éischt ons Sprooche kenne léieren, ier se an de klassesche Schoulsystem integréiert ginn. Wëll d’Integratioun fir d’ADR en zentraalt Thema ass, huet de Fernand Kartheiser en Donneschdeg, de 17. Juni eng Propositioun an der Chamber deponéiert, deen de Gemengen nees soll erlaben, wann dës et fir néideg ugesinn, esou Klassen an hirer Schoulorganisatioun ze integréieren.

Proposition de loi 6698 au format PDF

Deel dëse Post: