Genuch Transparenz beim Import an Export vun Energie?

Wéi gëtt d’Energie vu Lëtzebuerg aus exportéiert respektiv heihinner importéiert? Um Internet op electricitymap.org kann een des Donnéeën quasi fir alleguerten déi europäesch Länner genee nokucken. Eppes wat konkret hëlleft fir d’CO2 Emissioune pro verbrauchten Energieunitéit vun engem Land ze visualiséieren. Ass d’Regierung bereet fir Transparenz spillen ze loossen an déi national Donnéeën zur Dispositioun ze stellen datt och d’Situatioun fir Lëtzebuerg ka verfollegt ginn?

 

Deel dëse Post: