Well den deemolegen Héichschoulminister eng parl. Fro vum Fred Keup iwwer Genderzwang op der Uni Lëtzebuerg just ganz pauschal beäntwert hat, froen de Fred Keup an den Tom Weidig déi nei Héichschoulministesch, wéi si dann zum Genderzwang op eiser Uni steet.
Fro:
Opgrond vun enger Net-Äntwert vum deemolegen Héichschoulminister op d‘parlamentaresch Fro Nr. 8124 vum 4. Juli 2023 vum honorabelen Deputéierte Fred Keup iwwer Genderzwang op der Universitéit Lëtzebuerg ass et ubruecht dës Fro nach eng Kéier ze stellen:
Am “tageblatt” vum 3. Mäerz 2023 sot d’Madamm Sylvie Kerger, Dozentin fir pedagogesch Psychologie op der Universitéit Lëtzebuerg, iwwert d’Genderen: „Ich glaube schon, dass es so eine Art ‘Ansteckungseffekt’ gibt. Es gibt mittlerweile viele Dozenten auf unserer Uni, die das Gendern verlangen.” An iwwert d’Situatioun an Däitschland: „Auf deren Unis hat sich das Gendern schon durchgesetzt. Es werden eigentlich keine Arbeiten mehr angenommen, wenn sie nicht gegendert sind.”
An deem Zesummenhang hu mir follgend prezis Froen un d’Madamm Minister:
- Kann d‘Madamm Minister confirméieren, dass et Dozenten op der Universitéit Lëtzebuerg ginn, déi d’Gendere verlaangen?
- Ass deemno déi normal klassesch Sprooch bei verschiddenen Dozente verbueden?
- Wa jo, wéi gëtt dëst de Studente kommunizéiert?
Äntwert:
Ech reagéieren op den honorabelen Deputéierten hir Froen, mat Verweis op d’Äntwert op d’parlamentaresch Fro N° 8124 vum Här Minister fir Héichschoul a Fuerschung, Claude Meisch, vum 20. Juli 2023, a wéilt nach follgend Prezisioune ginn. Laut den Informatiounen, déi d’Universitéit Lëtzebuerg dem Ministère fir Fuerschung an Héichschoul zoukomme gelooss huet, ass d’inklusiv Sprooch Deel vun der Universitéit hirem Engagement am Kader vun der Geschlechtergläichheetspolitik. Et géifen awer keng offiziell Richtlinnen, déi dës Sprooch géifen an der Kommunikatioun tëschent Mataarbechter a Studenten imposéieren.
De Ministère fir Fuerschung an Héichschoul kann och bestätegen, dass eng Obligatioun vun inklusiver Sprooch am Kader vun den Aarbechten/Prüfungen/Exame vu Studente weder vum modifizéierte Gesetz vum 27. Juni 2018 iwwer d’Organisatioun vun der Universitéit Lëtzebuerg virgesinn ass, nach Deel ass vum Règlement des études oder dem Règlement d’ordre intérieur, wéi se vum Ministère fir Fuerschung an Héichschoul approuvéiert gi sinn.
Deemno ass et de Studenten och net formal verbueden, “déi normal klassesch Sprooch”, wéi d’honorabel Deputéierte se nennen, ze benotzen am Kader vun hiren Aarbechten/Prüfungen/Examen. Falls ee Student deemno erwisenermoosse wéinst dem Gebrauch vun der “klassescher” Sprooch géif Punkte verléieren oder eng Epreuve net packen, kéint hien d’Commission des litiges, déi am Artikel 46 vum modifizéierte Gesetz vum 27. Juni 2018 iwwer d’Organisatioun vun der Universitéit Lëtzebuerg virgesinn ass, saiséieren en vue vun enger Réévaluatioun vu senger Aarbecht.
Allerdéngs si weder dem Ministère, nach dem Rektorat, nach dem Gender Gläichheetscomité vun der Universitéit Lëtzebuerg an deem Kontext Bedenke vu Studenten oder Enseignantë vun der Universitéit Lëtzebuerg matgedeelt ginn iwwer d’Obligatioun oder dem Verbuet vun inklusiver Sprooch. Well et deemno keng institutionell Sproochepolitik weder a Richtung Verbuet nach a Richtung Obligatioun vun inklusiver Sprooch vu Säite vun der Universitéit Lëtzebuerg gëtt, bleift dat Ganzt een individuelle Choix, souwuel vum Student wéi vum Professer, ob hien inklusiv Sprooch benotzt oder net; deementspriechend gëtt et och keng offiziell Kommunikatioun vun der Universitéit zu deem Thema.