Et ass elo scho méiglech, sech fir Bréifwal op Ärer Gemeng anzeschreiwen:

  • fir Wieler, déi méi wéi 75 Joer hunn,
  • fir Wieler, déi aus noweisbare berufflechen oder private Grënn verhënnert sinn, fir wielen ze goen.

Dir kënnt Iech iwwer zwee Weeër aschreiwen:

  • mat engem einfache Bréif un d’Gemeng,
  • mat engem Formulaire, dat Dir op Ärer Gemeng kënnt kréien.

Am Bréif mussen drastoen:

  • Numm a Virnumm,
  • Gebuertsdag a Gebuertsplaz,
  • Nationalitéit,
  • Wunnadress,
  • Adress, wou d’Konvokatioun fir d’Gemengewalen higeschéckt gëtt.

Äre Bréif oder de gedréckte Formular, deen Dir op d’Gemeng kënnt siche goen, musse bis spéitstens 30 Deeg virun de Walen, also bis den 8. September, ausgefëllt op der Gemeng sinn.