Géint d’Verdäiwelung vum private Wunnengsbau fir Locatioun!

D’ADR ass perplex, wéi wéineg Sachverstand an der Regierung ze bestoe schéngt. Déi vum Staatsminister annoncéiert Propositiounen an der Logementspolitik wäerten alt nees eng Kéier zur Verknappung vu Mietwunnengen an zur Präisdeierecht féieren an, schlëmmer nach, zu enger Verschlechterung vun der Wunnqualitéit. Wann een d’Investitiounen an neie Wunnengsbau (well nëmme bei Neibaute kann een den „amortissement accéléré“ geltend maachen) steierlech net méi fërdert (nëmmen nach zwee Objeten op 5 Joer amplaz bis elo onbegrenzt vill Objeten op 6 Joer), da féiert dat kloer zu manner Investitiounen. Dat heescht: manner Mietwunnenge gi gebaut. Dat heescht – bei gläich grousser Demande –, datt de Loyer méi héich gëtt. Dorop mengt eis Regierung e Mëttel fonnt ze hunn, andeems de Loyer op maximal 3,5 % (oder 3 % bei eelere Gebaier) vum „capital investi” gedeckelt gëtt. De Contraire ass de Fall:

  • Wann de Proprietär nëmmen nach 3 oder 3,5 % Loyer kritt, awer 4,8 % Zënse bezuele muss (ouni vun der Inflatioun vu bal 7 % ze schwätzen), dann ass en Investissement a Mietwunnenge ganz einfach net méi rentabel: et wäert also manner Mietwunnenge ginn.
  • Wann de Proprietär nëmmen nach 3 oder 3,5 % méi Loyer ka froen, wann hien en Appartement oder en Haus renovéiert, dat bei 4,8 % Zënsen (ouni vun der Inflatioun vu bal 7 % ze schwätzen), dann investéiert hien net méi! Resultat: D‘Qualitéit vu Mietwunnenge geet drastesch erof.

Dobäi wëll déi selwecht Regierung jo awer, datt an energetesch Renovatiounen investéiert gëtt. Schlussendlech wäerte vill Proprietären iwwerleeën, ob se bei deenen doten Aussiichten net léiwer elo verkafen an aner Investitiounen tätegen (a Länner, wou et z.B. weesentlech méi generéis „amortissements accélérés“ gëtt wéi hei). Dat heescht awer nees, datt déi aktuell Mietwunnengen u Proprietäre ginn, déi da selwer dra wunne ginn, wat zu enger zousätzlecher Verknappung vu Mietwunnenge féiert.

Bei allem Versteesdemech fir déi staatlech Wunnengsbauprogrammer – déi awer duerch den „bail emphythéotique” bei héijer Inflatioun eng Fal fir d’Leit sinn, déi net nëmmen nimools eng Plus-value realiséiere kënnen, mee zousätzlecht Kapital wäerte verléieren –, kann d’Realisatioun vun „3500 Wunnengen an den nächste Joren” de Joresbedarf nimools decken.

Mam Staatsminister sengen annoncéierte Propositioune gëtt also manner a Renovatioun vun eelerem Wunnraum investéiert. De bestoende Mietbestand verlottert, well kee Proprietär Intressi drun huet ze investéieren. Munch Leit kënnen sech den Dram vun der eegener Wunneng elo erfëllen, well Investitiounsimmobilien op de Maart kommen. De Loyer geet awer net erof, well et jo manner Locatiounswunnenge gëtt. D’Locatairen sinn de Verléierer vun där ideologesch verblennter an ekonomesch onsënneger Politik. Déi akadeemesch Leeschtung vun der Regierung ass emol kee Plagiat, mee einfach nëmmen en Echec!

Pressematdeelung vum 12. Oktober 2022

Deel dëse Post: