Géint d’Politiséiere vun der mënschlecher Biologie!

D’Dignitéit vum Mënsch ass onantaaschtbar – e Prinzip, deen d’Politik ënnert allen Ëmstänn respektéiere muss. An deem Sënn bedauert de Fernand Kartheiser a senger Interventioun vum 25. Juli iwwert déi rechtlech Modalitéite bei intergeschlechtleche Persounen, datt d’Biologie vum Mënsch elo politiséiert gëtt. Et ass e rengt ideologescht Gesetz, esou den ADR-Deputéierten. Amplaz datt d’Politik sech dorop beschränkt, sech fir d’Unerkenne vun intergeschlechtleche Persounen anzesetzen an hinnen en eventuelle Leidensdrock ewechzehuelen, ginn hei biologesch Realitéiten ausgeklamert: D’Dualitéit vu Mann a Fa gëtt carrement a Fro gestalt. An wéi steet et an deem Zesummenhang iwwerhaapt mam Schutz vun de Kanner? (Extrait 1’40”).  D’ADR kann dëst Gesetz net matdroen.

 

Deel dëse Post: