Géint d’Ofschafe vun de Kierchefabrécken!

D’Kierchen zu Lëtzebuerg gehéieren zum gréisste kulturelle Patrimoine, deen eist Land huet. Si sinn e Stéck vun eiser Identitéit an dausende Benevolle setzen sech och haut nach fir de gudden Zweck  a fir d’Erhale vun eise Wäerter an eiser Kultur an. D’ADR weist sech schockéiert iwwert d’Aart a Weis, wéi d’Regierung mat de Kierchefabrécken ëmgeet: eng onfair an onwierdeg Behandlung, esou de Gast Gibéryen a senger Chamberinterventioun vum 17. Januar. D’Regierung huet carrément refuséiert, mam Syfel – de Vertrieder vun de Kierchefabrécken – ze schwätzen; et gouf hinnen net mol eng Entrevue accordéiert. D’Gesetz, wat de 17. Januar gestëmmt gouf, hat vu Ufank un zum Zil, d’Kierchefabrécke ganz ofzeschafen a soumat d’kathoulesch Kierch substantiell ze schwächen – e verfassungswidderegen Akt! (Extrait 2’35”)D’Kierchefabrécke besti schonns säit 200 Joer als eegestännegt Organ ënnert dem Schutz vum Bistum. Eng staatlech Expropriatioun ass illegal an  inakzeptabel. Mat der ADR an der Regierung gëtt dëse Beschloss réckgängeg gemaach!

 

Deel dëse Post: