Och bei der Fréierzéiung vun de Kanner setzt Gambia hir ideologesch an onnëtzt Politik fort.  D’Regierung schwätzt gär vun der Gratisbetreiung vun de Kanner an de Crèchen, vergësst dobäi awer ze soen, datt keen anere wéi de Steierzueler fir dëst frowierdegt Ënnerfange muss opkommen. De Fernand Kartheiser schwätzt an deem Kontext vun enger fundamental ongerechter Ëmverdeelung vun de Suen, well all déi Léit, déi hir Kanner gär doheem wëllen erzéien, musse finanziell mat opkomme fir déi ideologesch beschränkte Politik vun der Regierung. Eng Moossnam also, déi zu Laaschte vun deene Famille geet, déi hir Kanner nom traditionelle Modell doheem erzéie wëllen.

Den ADR-Deputéierte stéisst sech desweideren un deem pseudowëssenschaftlechen Usproch, deen d’Regierung ervirbréngt, fir dee Modell vun der Méisproochegkeet an de Crèchen ze promouvéieren. Hei gi Studien aus Länner erugezunn, déi eng fundamental aner gesellschaftlech esou wéi sproochlech Realitéit opweise wéi Lëtzebuerg. Et gëtt also keng legitim Vergläichsbasis, fir dee wëssenschaftlechen Usproch ze ënnermaueren.

D’Regierung schwätzt gär dovun, gesellschaftlech Trennungslinnen an Differenzen zu Lëtzebuerg iwwerwannen ze wëllen, zéckt awer net, d’Land weider a Richtung Francophoniséierung ze dreiwen am Oferkenne vun der Wichtegkeet vum Lëtzebuergeschen an Däitschen. An den Ae vun der ADR bleift d’Lëtzebuerger Sprooch déi wichtegst Integratiounsbasis (Video: 1’04”).  Dobäi kennt, datt d’Diskriminatioun vum Däitschen zugläich eng Diskriminatioun vun all deene Leit ass, déi kee francophonen Hannergrond hunn, an z.B. aus slaweschen oder anglophone Länner kommen. Chancëgläichheet gesäit anescht aus.

Alles an Allem ass dee vun der Regierung proposéierte Gesetzesprojet eng Violatioun vun dem traditionelle Lëtzebuerger Modell vun der Méisproochegkeet op Käschte vun de Kanner.