Géint all Form vu Rassismus! E Kommentar vum Alex Penning.

Den Alex Penning ass neien Generalsekretär vun der ADR

No dem gewaltsamen Doud vum George Floyd duerch Gewaltakte säitens der Police vu Minneapolis de leschte 25.Mee, si Begrëffer wéi Rassismus, Gewalt vun der Police an Demonstratiounsfräiheet, virun allem an de Medien, ganz wichteg Theme ginn.

Et sief virop bemierkt, datt d’ADR ëmmer vehement all Form vu Rassismus, wéi awer och Gewaltexzesser bei Demonstratiounen, egal vu wéi enger Säit, ausdrécklech condamnéiert huet an och weider strikt bei där Haltung bleift.

Eis Partei warnt awer ausdrécklech virdrun, datt, wéinst engem héchst bedauerlechen Doudesfall an den USA, hei an Europa a speziell zu Lëtzebuerg, eng Debatt entsteet, déi de Realitéiten vun hei net entsprécht. Leider besteet och de Risiko datt esou e Virfall fir aner Zwecker instrumentaliséiert kéint ginn.  Speziell zu Lëtzebuerg, wou d’Police eng gutt Aarbecht mécht, kann een sech e Virfall wéi deen zu Minneapolis net virstellen. Dee géing och an eisem Rechtsstaat vun den Autoritéiten net toleréiert ginn, an dat ass och gutt a richteg esou!

Weider däerf net vergiess ginn, datt, duerch dee spezielle geschichtleche Kontext an den USA, d’Tendenz besteet, fir der Gewalt säitens der Police séier och eng ethnesch Dimensioun ze ginn.  Dat ass dacks richteg an awer muss een an esou schwierege Situatiounen ëmmer Rou a Verantwortungsgefill genuch hunn, fir d’Situatioun objektiv ze bewäerten.  Eng Gesellschaft muss sech ronderëm hir Wäerter zesummefanne, fir zesumme no Léisungen ze sichen. Si soll net gespléckt ginn, net opgestëppelt an net ideologesch manipuléiert ginn. Fir dat ze erméigleche, dofir muss natierlech och garantéiert sinn, datt d’Hierarchie an der Police, déi zivil Autoritéiten an d’Justiz, an aller Onofhängegkeet a mat onbedéngter Zouverlässegkeet op esou Evenementer reagéieren.

D’ADR ass op jidder Fall fest dovunner iwwerzeegt, dass all demokratesche Rechtsstaat scho weess déi néideg Mesuren ze huelen, fir datt esou Exzesser net entstinn an, de Fall gesat, och richteg an adequat repriméiert ginn. De Rechtsstaat muss glafwierdeg sinn.

D’Versammlungs an d’Manifestatiounsrecht si garantéiert Grondrechter an all demokrateschem Staat an esou muss et och bleiwen. Leider  ware verschidden Demonstratiounen, no de genannte Virfäll vum 25. Mee, alles anescht wéi friddlech, an déi aktuell sanitär Precautioune goufen dacks net respektéiert. Wien awer mat Gewalt géint Gewalt manifestéiert, verléiert seng Glafwierdegkeet!

Wat eist Land ugeet, esou ass d’ADR fest dovunner iwwerzeegt, datt een et hei nach ni mat enger rassistescher Gesellschaft ze dinn hat, an datt dat och mat Sécherheet esou bleift. Lëtzebuerg huet ëmmer all senge Bierger déi selwecht Méiglechkeete fir ze reusséiere ginn, an dat ganz onofhängeg vun hiren ethneschen Originen. Als ADR läit eis speziell den Integratiounsprozess vun eisen auslännesche Matbierger um Häerz.

Schlussendlech sief ënnerstrach, datt d’ADR  vollt Vertrauen an eis Police huet, déi um Terrain eng exzellent Aarbecht mécht, an dat dacks  ënner ganz schwierege Konditiounen. D’Police ass elo schonn eng staark kontrolléiert Administratioun, an dowéinst brauch et och keng weider Moossname fir d’Policeaarbecht ze kontrolléieren.

Och gesäit d’ADR keng Noutwendegkeet fir en Ausbau vun de Kompetenze vum CET.  Datt mir géint de Rassismus sollen optrieden, dat ass evident. Awer mir mussen eis bewosst sinn, datt net all Äntwert op esou e Phänomen vun institutioneller Natur ka sinn.  De Risiko besteet, datt d’Institutioune vum Staat, virun allem och d’Justiz, solle fir e gesellschaftlechen Ëmbau instrumentaliséiert ginn. Dat ass sécher net de Wee vun der ADR.

Alex Penning ADR-Generalsekretär am “Land” vum 19. Juni.

 

 

Deel dëse Post: