Gefor vu Mëssbrauch bei den EU-Walen

Staatsbierger aus aneren EU-Länner, déi zu Lëtzebuerg hire permanente Wunnsëtz hunn, dierfen den 9. Juni hei mat wiele goen, fir d’Vertriedung am EU-Parlament ze bestëmmen. Gläichzäiteg steet hinnen awer och d’Méiglechkeet op, d’Lëschte vun hirem Heemechtsland ze stëmmen. Fir en Zweeklassewalrecht ze vermeiden, mussen si sech deementspriechend fir eng Optioun decidéieren. Wéi gëtt dat kontrolléiert, fir Mëssbrauch konsequent ze ënnerbannen?

Deel dëse Post: