Geféierlech Situatioun op eise Stroossen

Dacks sti virun allem am ländleche Raum eng sëllechen Autoe no un der Strooss, well d’Leit vun do aus mam ëffentlechen Transport oder duerch de Covoiturage op hir Schaff komme wëllen. Dëst ass e geféierlechen Zoustand, virun allem wa gréisser Gefierer dës Stroosse passéieren. Esou Situatiounen wäre sécherlech besser mat engem Park&Ride geléist. De Jeff Engelen intresséiert sech an deem Kontext dofir, wou esou Parkingen iwwerall geplangt sinn.

Deel dëse Post: