Gedeckelten Index: pure Populismus

Dësen Artikel ass an der zweeter Editioun vum Pefferkär – Chamberwalen 2013 publizéiert ginn.

Sollt et dem Jean-Claude Juncker no goen, muss de gedeckelten Index an d‘CSV-Walagenda opgeholl ginn. Dëst war jiddefalls dem CSV-Spëtzekandidat seng kloer Ausso op engem Parteidag am Fréijoer 2012. D’ADR, déi sech ëmmer mat aller Konsequenz fir d‘Bäibehale vum aktuellen Indexsystem agesat huet, huet sech intensiv mat dëser Propositioun ausernanergesat.

Fir kënne mat objektiven Zuelen ze schaffen, huet d’ADR dräi parlamentaresch Froe gestallt, wat de gedeckelten Index als Konsequenzen op d’Recetten, respektiv op d’Depensë fir de Staat an d‘Sozialversécherungen hätt.

D‘Conclusioune sinn eendeiteg! De gedeckelten Index, ob dësen op zwee Mol oder dräi Mol de Mindestloun festgesat géif ginn, bréngt guer näischt! De Staat spuert e bësse bei de Paie vun de Staatsbeamten, verléiert awer vill méi bei de Steierrecetten, dëst an der Héicht vun 62 Milliounen Euro, wann d‘Indextranche maximal op 2 Mol de Mindestloun (SSM) ausbezuelt géif ginn. Bei de Sozialversécherunge géif de gedeckelten Index kaum manner Depensë bréngen, dofir awer vill manner Recetten: d‘Pensiounskees géif ronn 15 Millioune verléieren, d‘Gesondheetskees 7 Milliounen an d‘Fleegeversécherung 1,7 Milliounen, bezunn op 2 Mol de SSM.

Handel, Handwierk, Horesca, Mëttelstand an Industrie géife kaum spueren, wat d‘Masse salariale betrëfft: esou vill Paie leien an dëse Secteuren net iwwert 2 Mol de Mindestloun (3 842,06 €) a schonns guer net iwwert 3 Mol de Mindestloun (5 763,09 €). Wann d‘Salariéen awer ëm hir Kafkraaft fäerten, mussen och d‘Geschäftsleit drënner leiden.

E gedeckelten Index bréngt kengem eppes, mat Ausnam vum Finanzsecteur a vu verschiddene Betriber, wou majoritär déck Paien ausbezuelt ginn. Datt awer de Staat, d’Sozialversécherungen, d’Salariat, den Handel, d‘Handwierk, d‘Horesca an de Mëttelstand solle Perdant sinn, fir datt haaptsächlech de Finanzsecteur, deen zu engem groussen Deel un der Finanzkris schëlleg ass, och nach iwwert de Wee vum gedeckelten Index belount gëtt, dat ass fir d’ADR net novollzéibar.

Dëst weess de Jean-Claude Juncker och! Säi Ruff nom gedeckelten Index ass soss näischt wéi pure Populismus. D‘ADR steet ganz kloer fir d‘Erhale vum Index.

Deel dëse Post: