Gedanken iwwert Meenungsfräiheet an Extremismus

D’Jugendbeweegung vun der ADR huet de 4. Juli eng Pressekonferenz zum Thema Meenungsfräiheet an Extremismus ofgehalen. D’ADRenalin setzt sech dofir an, datt Meenungsfräiheet ënnert allen Ëmstänn erhale bleiwe muss, och wann ee Meenunge vertrëtt, déi onbequem sinn, Meenungen, déi net deem entspriechen, wat politesch a gesellschaftlech grad en mode ass. Natierlech gëllt et dobäi awer, sech u rechtsstaatlech Strukturen ze halen: Haass, Diskriminatioun, Drohungen a Rassismus si keng Meenungen.Et goung desweideren em extremistesch Tendenzen zu Lëtzebuerg. D’ADRenalin schwätzt sech dofir aus, géint all Zort vun Extremismus virzegoen, souwuel de Lénksextremismus wéi och de Rietsextremismus däerfen net toleréiert oder relativéiert ginn. Am Kader vun de rezenten Äusserunge vun enger Grupp, déi sech “Jonk Lénk” nennt a Verbindunge mat der Jugendorganisatioun vun “Déi Lénk” ënnerhält, betount d’ADRenalin, datt een Beleidegungen an Diffamatiounen net mat engem jugendleche Recht op Rebelleschkeet verwiesselen däerf. Meenungsfräiheet ass der ADRenalin helleg, awer w.e.g. ouni Diffamatioun a mat Respekt viru rechtsstaatleche Strukturen.

Den ADRenalin-Sekretär Gilles Carlizzi bréngt et op de Punkt: Meenungsfräiheet ass een demokratescht Grondrecht an et leit an der individueller Verantwortung vun all Bierger, seng Meenungen am Zeeche vu Respekt an Toleranz ze formuléieren.

Deel dëse Post: